Participation Citoyenne (LU)

P1080869.JPG

Léif Lieser vun de Fairtrade News, léif Frënn vum Fairen Handel, D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg analyséiert regelméisseg hir Kommunikatiounsmethode fir deenen hir Leeschtungsfäegkeet ze moossen.

Lo wou d’Welt méi lues dréint wéinst der Pandémie vum Coronavirus, wëlle mer dës Zäit notzen, fir nozedenken an Är Meenung ze froen. Well d’Nummer 65 vun onsem trimestriellen Informatiounsbulletin « Fairtrade News » geschwënn erauskënnt, wollte mir Iech e puer Froë stellen iwwert dëst beléift Kommunikatiounsmëttel vun onser ONG.

Mir invitéieren Iech, ons Är Visioun iwwert d’Plaz vum Fairen Handel am Joer 2025 hei zu Lëtzebuerg matzedeelen.

Äre Bléck vu baussen an Är Meenung si ganz wichteg fir ons. Huelt Iech also e puer Minutte fir datt mir bestänneg ons Arbecht verbessere kënnen.

Klickt op dëse Link fir op eisem Froebou ze kommen:

Frouebou

Toutes vos idées et suggestions pour améliorer notre travail sont les bienvenues.

Merci pour votre engagement.